Hugendubel.info - Die B2B Online-Buchhandlung 

Merkliste
Die Merkliste ist leer.
Bitte warten - die Druckansicht der Seite wird vorbereitet.
Der Druckdialog öffnet sich, sobald die Seite vollständig geladen wurde.
Sollte die Druckvorschau unvollständig sein, bitte schliessen und "Erneut drucken" wählen.

Tëscht Kaz a Kueder

Geschichten
BuchGebunden
Luxemburgisch
Éditions Guy Binsfelderschienen am12.06.2017
Tëscht Kaz a Kueder ass eng Usammlung vun eenzelne Kuerzgeschichten, déi eigentlech näischt mateneen ze dinn hunn an trotzdem op eng gewëssen Aart a Weis matenee verbonne sinn. Dëst duerch déi tëschemënschlech Relatiounen, déi net ëmmer esou verlafen, wéi sech dat d´Haaptprotagoniste virstellen. Identitéit, Frëndschaft a Léift; mol glécklech, mol verluer oder souguer verpasst; stinn am Fokus vum Pol Greisch sengem Wierk. Op deels lëschteg, deels eescht Manéier bréngt den Auteur de Lieser zum Nodenken a weist, dass d´Liewen een dach ëmmer erëm iwwerrasche kann ...mehr

Produkt

KlappentextTëscht Kaz a Kueder ass eng Usammlung vun eenzelne Kuerzgeschichten, déi eigentlech näischt mateneen ze dinn hunn an trotzdem op eng gewëssen Aart a Weis matenee verbonne sinn. Dëst duerch déi tëschemënschlech Relatiounen, déi net ëmmer esou verlafen, wéi sech dat d´Haaptprotagoniste virstellen. Identitéit, Frëndschaft a Léift; mol glécklech, mol verluer oder souguer verpasst; stinn am Fokus vum Pol Greisch sengem Wierk. Op deels lëschteg, deels eescht Manéier bréngt den Auteur de Lieser zum Nodenken a weist, dass d´Liewen een dach ëmmer erëm iwwerrasche kann ...
Details
ISBN/GTIN978-99959-42-18-2
ProduktartBuch
EinbandartGebunden
ErscheinungsortLuxemburg
ErscheinungslandLuxemburg
Erscheinungsjahr2017
Erscheinungsdatum12.06.2017
SpracheLuxemburgisch
Artikel-Nr.43102284
Rubriken

Autor

De Pol Greisch, Joergank 1930, spillt zënter 1953 Theater a lëtzebuergeschen, franséischen an däitsche Stécker, ass a Radiospiller a Filmer derbäi, schreift Gedichter a Prosa (ë. a. an der "Warte", de "Cahiers luxembourgeois", dem "Lëtzebuerger Almanach", der "Galerie", bei "Arts et Lettres"), haaptsächlech awer lëtzebuergesch Theaterstécker, vun deenen opgefouert goufen:
"Äddi Charel" (1966), "Besuch" (1969), "Ënnerwee" (1978), "E Sieschter Räinetten" (1980), "Grouss Vakanz" (1980), "Viru mam Jabel" (1981), "Margréitchen" (1986), "De Bucki" (1986), "De laangen Tour" (1988), "Kellerzerwiss" (1992), "E Stéck Streisel" (1992), "E Platten" (1995), "Léiwe Kleeschen" (1997), "Eng Heemelmaus" (1999), "Wanter & Aarme Louder" (2001), "Kiischtebléien" (2003), "Belle-Ile & Fënsterdall" (2008), "Dame blanche" (2010), "Äiskal" (2015).
2000 koum "Fir meng Mamm, aus engem laange Bréif" (Les Cahiers luxembourgeois) eraus; 2004 de Roman "Mäi Frënd Benn" (Phi); 2009 "D'Sonnesäit", "Gedichter a Geschichten" (Phi); 2012 "De Monni aus Amerika, Geschichten" (ultimomondo).
Präméiert goufen ë. a.: 1979 "Grouss Vakanz" mam 1. Präis am Concours littéraire national; d'Trilogie "Äddi Charel - Besuch - E Stéck Streisel" mam Prix Servais 1993; 2002 säi Liewenswierk mam Prix Batty Weber an "De Monni aus Amerika" mam Prix Servais 2013.
Weitere Artikel von
Greisch, Pol
Weitere Artikel von
Greisch, Cary
Komposition