Produkt
KlappentextDe Leo an den Oktopus erzielt d´Geschicht vum klenge Leo, deen Autismus huet, wat him déi alldeeglech Kommunikatioun mat senge Matmënschen erschwéiert.Enges Daags geet hien an den Aquarium a kritt do d´Maya virgestallt: een Oktopus. Bis dohi wousst de Jong wéineg iwwert dës Mieresbewunner, mee wëssbegiereg, wéi en ass, liest en, wat e fanne kann. A schlussendlech plangt e souguer ee festen Dag an der Woch fir d´Maya an - Freides ass elo Oktopusdag! D´Maya gräift dem Leo mat sengen aacht Tentakelen ënnert d´Äerm, fir sech an der Welt zurecht ze fannen an erméiglecht him eppes, wat hien ni fir méiglech gehalen hätt: den Ufank vun enger Frëndschaft. Eegen Erfarungen hunn d´Isabelle Marinov zu dëser emouvanter Geschicht iwwert déi deeglech Stréckfale mat Autismus inspiréiert an dem Chris Nixon seng Illustratioune loossen Iech fërmlech an d´Säiten andauchen. Zesumme mam Martine Schoellen huet d´Schrëfststellerin d´Buch aus dem Engleschen an d´Lëtzebuergescht iwwersat.
Details
ISBN/GTIN978-99959-42-72-4
ProduktartBuch
EinbandartGebunden
Verlag
ErscheinungsortLuxemburg
ErscheinungslandLuxemburg
Erscheinungsjahr2021
Erscheinungsdatum01.06.2021
SpracheLuxemburgisch
Gewicht380 g
Artikel-Nr.50368273
Rubriken
GenrePappe/Bilderbücher