Produkt
KlappentextWOOOW!!! LËTZEBUERG - D´Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees ass en neit Kannerbuch iwwer Lëtzebuerg a véier Sproochversiounen, mat herrlechen Zeechnunge vum Keong-A Song.Fir déi kleng Lieser huet den Thomas Schoos sech eng flott an opreegend Geschicht ausgeduecht. Un der Säit vum Charlotte a sengem beschte Frënd, der klenger Eil Monsieur Hibou, erliewe si spannend Aventuren an entdecken op hirer Expeditioun dat wonnerschéint a villsäitegt Lëtzebuerg. Si tauchen an an d´Kultur an d´Geschicht vum Land, erfuersche seng faszinant Plazen a léieren seng Märercher a Bräich kennen.Och déi besonnesch Virwëtzeg kommen op hir Käschten: Op all Etapp vun der Rees erwaarde si interessant Anekdoten a Fakten.Mat vill Léift fir den Detail huet d´Illustratorin Keong-A Song dem Buch eng perséinlech Nout ginn an zu der maträissender Atmosphär bäigedroen, sou dass een als Lieser ëmmer nees op eppes Neies stéisst. Op dës Manéier bleift d´Freed un der Lektür nach laang erhalen.
Details
ISBN/GTIN978-99959-42-91-5
ProduktartBuch
EinbandartGebunden
Verlag
ErscheinungsortLuxemburg
ErscheinungslandLuxemburg
Erscheinungsjahr2022
Erscheinungsdatum20.06.2022
AuflageElo mam Tram!
SpracheLuxemburgisch
Artikel-Nr.51027566
Rubriken
GenrePappe/Bilderbücher